FDA
CLC
Horesca
D'lokal Wirtschaft, e wichtege Faktor fir een nohaltegen Opschwong zu Lëtzebuerg.

D'lokal Wirtschaft, e wichtege Faktor fir een nohaltegen Opschwong zu Lëtzebuerg.

Besonnesch a Krisenzäite gewënnt d’lokal Wirtschaft u Wichtegkeet. Si vermëttelt Vertrauen an huet en exzellente Ruff zu Lëtzebuerg. De lokale Commerce, d'Gastronomie an d'Handwierk sti fir héich Qualitéit an exzellente Service um Client.

Si iwwerzeegen net nëmmen op ekonomeschem Plang, si spillen och eng wichteg sozial Roll. No Woche vu sozialer Distanz bréngt e Besuch an Ärem Liblingsrestaurant, beim Coiffeur oder eng laang Shoppingtour e grousst Laachen - beim Client wéi och beim Verkeefer.

Mat der Smile Again Campagne ënnersträiche mir déi ekonomesch an déi sozial Virdeeler vun der lokaler Wirtschaft. Handwierker, Geschäftsleit a Restaurateure si prett fir Äre Wënsch gerecht ze ginn a gläichzäiteg rëm e Laachen op d’Gesiichter ze bréngen.

Eng grouss ëffentlech Campagne fir de lokalen Handel ze ënnerstëtzen.

D'Smile Again Campagne ass en eenzegaartege Projet. Sie huet als Zil, d’Allgemengheet op d'Virdeeler vum lokalen Handel ze sensibiliséieren. An dësem Kontext, soll speziell op déi wirtschaftlech a sozial Virdeeler vu Commerce, Handwierk an Horeca opmierksam gemaach ginn.

Ënnert der Leedung vun der Daachorganisatioun MarkCom (Association des Agences Conseil en Marketing et Communication), schaffe 15 Agencë fir d'éischte Kéier gratis zesummen un enger Promotiounscampagne. D'Recettë verbonne mat der Smile Again Campagne ginn net un déi deelhuelend Agencë weidergeleet. Sie fléissen direkt un d’Organisatioun a ginn zu engem spéideren Datum benotzt fir den ganze Kommunikatiounssecteur ze ënnerstëtzen.


Geschäfter, Gastronomie- an Handwierksbetriber si bereet hir Clienten am Respekt mat den néidegen Hygiènesmoossnamen ze empfänken!

Si verflichte sech all fir d'Instruktiounen an d'Hygiènescritèren ze respektéieren fir de Clienten e flotte Moment an aller Sécherheet ze garantéieren.

Méi Informatiounen op: www.gouvernement.lu/coronavirus


Follegt eis op Instagram! #SmileAgainLu


Eng Initiative vum

Direction générale des classes moyennes
Direction générale du tourisme

mat der

FDA
CLD
Horesca